fabricezanella.com Toutes productions musicales
Eisen Duo, zesummegesat aus enger Sängerin an engem Musiker-Sänger (Piano, Keyboard, Akkordeon, akustesch Gittar) kënnt zënter méi wéi 20 Joer op Lëtzebuerg an huet seriös Referenzen an der Realisatiou virzeweisen.
Mir si spezialiséiert an der musikalescher Animation am Kader vun Thé Dansant, Animatioun fir d'drëtt Alter, Summerfester oder Joresofschlossfeieren sowéi themenbaséierten Manifestationen.
Wat och ëmmer äere Typ vu Manifestatiounen, musikaleschen Dänz, Concerten, Iessbegleedungen, spilleresche a interaktive Animatioun ass, mir verfügen iwwert e breete Repertoire dee et erlabt eis u äer Bedürfnisser unzepassen, wahlweis mat franséisch Lidder oder internationale Musekstécker (mat abegraff lëtzebuergesch Lidder).
Mir wärte vun 2017 un och zousätzlech ze eiser üblecher Animatioun nei spilleresch Programmer mat Videoprojektioun (a équppéierte Ariichtungen) ubidden. Dëst Verfahren erméiglecht eng visuell Ambiance zousätzlech zum musikaleschen Deel ze schafen.
Et handelt sech ëm eng Videomontage, déi während eisem Concert ofgespillt get. Et kann sech dobäi ëm Biller, Ambiancen, Liddertexter déi mir interpretéieren, enger themenbaséierten Rees (Lidder aus Paräis, Italien, Spuenien, Chrëschtdagsliddern, lëtzebuergeschen Lidder etc.) handelen.
Zeckt net eis fir zousätzlech Informationen oder fir all demande de devis relativ zu Ären zukünftege Projeten ze kontaktéieren.
Fabrice a Catherine
Hei kënnt Dir héieren dat mir och vill lëtzebuergesch Lidder spillen
a sängen:
ECH DRENKE GÄR MAI PÄTTCHEN : Dat ass eng Walz vu Colette a Fernand
MANYLA : Nach e flott lëtzebuergescht Lidd
GEKACH KEIS : Eng franseich Melodie mat lëtzebuerger text
TREI SEI : vum Orchester "TREI SEI"
Nach e puer Lidder :
ICH HAB' EHRFURCHT VOR SCHNEEWEIßEN HAAREN : E groussen Hit vum lëtzebuerger Sänger Camillo Felgen
VIVA TIROL : E bësse Stëmmungsmusek mat Hansi Hinterseer
ZWEI KLEINE ITALIENER : E groussen Hit vun der Sängerin Conny Froboess
Mat eisem Duo gëtt och Akkordeon gespillt :
LA FIESTA DEL SOL : Den Pasodoble
ADIOS NONINOS : Argentinesche Tango vun Astor Piazolla
LA VIE EN ROSE : E Lidd vun Edith Piaf "De Spatz vu Paräis"
MICHAELA : Däitsch Musek mat Bata Illic
D’ominéis Walze vu Paräis :
PIGALLE
SOUS LE CIEL DE PARIS
SPIEL NOCH EINMAL FÜR MICH HABANERO : E ganz berühmte boléro von der Sängerin Catarina Valente
De Repertoire vun Nana Mouskouri : WEIßE ROSEN AUS ATHEN
L'AMOUR EN HERITAGE
Hei sinn e puer Lidder déi Dir direkt op dëser Säit lauschtere kënnt, fier Iech esou e Bild vun der Qualitéit vu eisem musikalesche Repertoire ze maachen. Vill Spaass beim Nolauschteren a bis geschwënn.
CATHERINE
A FABRICE
DEN DUO Blue Night
contact@fabricezanella.com